FREELANCE JOBS AN DER PATINOIRE KOCKELSCHEUER
Dir sicht e spannenden a flexibelen Niewenjob?
An der Patinoire Kockelscheuer bidde mir wärend der Saison villsäiteg Tätegkeeten als Freelancer a verschiddene Beräicher un.
Wat mir bidden:
-Flexibel Aarbechtszäiten, déi Dir selwer iwwert en Aarbechtskalenner kënnt organiséieren.
-Schaffen an engem motivéierten Team.
-Hei huet Dir Méiglechkeet Aer Sproochen unzewenden – Méisproochegkeet ass e Virdeel.
Positiounen:
1. Schlittschong-Locatioun a Kontroll
Et gefält Iech an engem Team ze schaffen, huet gär Kontakt mat Mënschen a behaalt Aer Rou och a stressege Situatiounen.
2. Moniteur Schlittschong Schoul
Dir kënnt Schlittschong fueren, huet Freed drun aneren eppes bei ze bréngen a bleift och a schwierege Situatioune roueg.
3. Moniteur Skateboard-Schoul
Dir sidd Skateboarder mat Erfarung, schafft gäre mat Mënschen a vermëttelt Äert Kënnen mat Begeeschterung un anerer.
4. Event-Host
Dir betreit Gebuertsdagsfeieren, Firmefester a Schoulveranstaltungen.
Aer Aufgab: Client’en empfänken, begleeden, Froe beäntwerten a sécherstellen dass Veranstaltungen ouni Problemer verlafen.
5. Assistent/in Äistechnik
Dir ënnerstëtzt bei der Äispréparatioun.
Handwierklech Fäegkeeten oder eng entspriechend Ausbildung si vu Virdeel.
Mir siche Mataarbechter an all Alter, déi Freed am Ëmgang mat aneren hunn, verantwortungsbewosst schaffen an eng nei Erausfuerderung sichen.
Interesséiert?
Da mellt Iech haut nach bei eis ënnert info@kockelscheuer.com
Mir fréen eis drop Iech kennen ze léieren!