Tariffer
1 Participant
2 Participanten
3 Participanten
4 Participanten
75.-€
105.-€
135.-€
165.-€
Entrée :
Schlittschong:
Helm :
<18 Joer : 4.-€ | >18 Joer : 5.-€
3,50€
2.-€
Tariffer
Den Entrée ass obligatoresch, ausser Dir hutt e gültegt Saison-Abonnement. D’Locatioun vu Schlittschong an Helm ass optional.
All Präisser sinn inklusiv TVA a kënnen änneren. Feeler an Ausloosunge virbehalen.
Wichteg Informatiounen
Gutt ze wësse
Mindestalter :
Fir un enger Privatstonn kënnen deelzehuelen, muss een op d'mannst 6 Joer al sinn.
Eis Trainer passen all Privatstonn un den Alter, d’Erfarung an déi individuell Besoine vum Schlittschongleefer um Äis un.
D'Pingo School vermëttelt allgemeng Kenntnisser am Schlittschongfueren. Et handelt sech net ëm Äiskonschtlaf- oder Äishockeycoursen.
All eis Trainer schwätzen Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch an Däitsch.
Dir wënscht Iech eng méi individuell Betreiung um Äis?
Eis Privatstonne bidden Iech en individuellen Training, deen un Ären Niveau, Är Ziler an Är Erfarung ugepasst ass. Egal ob Dir fir d’éischt Kéier um Äis sidd, bestëmmte Fäegkeete verbessere wëllt oder Iech einfach méi sécher op de Schlittschong fille wëllt – eis Trainer passen d’Stonn un Är Besoinen un an hëllefen Iech, an Ärem eegenen Tempo Fortschrëtter ze maachen.
D’Privatstonne si souwuel fir Kanner wéi och fir Erwuessener a kënnen iwwer eise Kontaktformular ugefrot ginn.
W.e.g. beuecht, datt eis Privatstonnen op allgemengt Schlittschongfueren ausgeriicht sinn a kee Äiskonschtlaf- oder Äishockeytraining sinn.
Esou fonktionéiert et
1
Formulaire ausfëllen
Fëllt w.e.g. eise Formulaire „Privatstonn ufroen“ aus.
2
Dag an Auerzäit auswielen
Gitt eis Äre gewënschten Dag an Auerzäit fir d’Privatstonn un.
3
Op eis Bestätegung waarden
Eis Ekipp kontaktéiert Iech mat engem Rendez-Vous, soubal mir e passenden Trainer fonnt hunn.
Wichteg ze wëssen
D’Ofschécke vum Formulaire ass nëmmen eng Ufro a garantéiert keng Privatstonn.
All Privatstonne sinn ofhängeg vun der Disponibilitéit vun eisen Traineren. Soubal mir en disponibelen Trainer fonnt hunn, kontaktéiert eis Ekipp Iech mam confirméierten Datum an der Auerzäit.

